• Workshop
  • Partenariat
14.07.22 14h00 — 16h00

Desire Lines | Parkour Workshop

De Workshop adresséiert sech un Ufänger.
Eglise Ste Barbe, Lasauvage
© Eric Snaell
Parkour beschreift d'Method, sou effizient wi méiglech vun A op B ze kommen. Als Traceur/Freerunner gesäit een d'Welt mat aneren Aan an et probéiert ee permanent nei Wéer ze fannen. Et léiert ee säi Kierper a seng eege Grenze Schrett fir Schrett kennen. D'Haaptzil ass sech emmer weider ze verbesseren, a sech dobäi net mat denen aneren ze vergläichen, mee sech geigensäiteg ze hellefen, di bescht Versioun vu sech selwer ze ginn.

De Workshop fënnt statt am Kader vum Projet 'Desire Lines' vum Kënschtlerkollektiv Ampersand Variations. 'Desire Lines', Wonschlinen, si Wéer, déi net geplangt sin, mee sech am Laf vun der Zäit selwer entwéckelen duerch d'Leit, déi déi Wéer ëmmer rëm trëppelen. De Projet beschäftegt sech domadder, wéi mer eis an der Welt weiderbewegen.

D'Kënschtler organiséieren eng Rei Workshoppen, wou d'Participanten nei Wéer ausprobéiere kënnen, fir hier Emgéigend anescht wouer ze huelen (Theater, Schreifatelier, Parkour etc…). Si entweckelen e puer Audiowalks an eng Performance, déi deen 30. Juli an der Kierch zu Lasauvage Première feiert.

De Parkour Workshop gëtt offréiert vun der Kaizen Parkour Academy.

Event partner : luca – Luxembourg Center for Architecture