• Conférence -
  • Luxembourg Architecture Award
30.09.26 12h00

Meet the Winners! Erschafen, ausstellen, iwwermëttelen

Talks mam Diane Heirend (Diane Heirend architecture & urbanisme) + Céline Zimmer (Fuerscherin), uschléissend mat engem klenge Mëttegiessen

Gratis, Umeldung obligatoresch

@ LUCA – Luxembourg Center for Architecture
D’Diane Heirend, Gewënnerin vum Special Award vum Luxembourg Architecture Award 2026 fir d’Restauratioun vun der Villa Kutter an d’Publikatioun déi hir Geschicht an de Prozess vun der Restauratioun dokumentéiert, an d’Céline Zimmer, Gewënnerin an der Kategorie „Représenter et documenter“, invitéieren Iech, zwee Usätz z’entdecken, déi sech mat de verschiddene Manéieren auserneesetzen, Architektur ze erzielen, ze dokumentéieren an ze vermëttelen.

Ausgezeechent mam Spezialpräis, wäert d‘Diane Heirend iwwert hir Aarbecht „Réparer la Villa Kutter“ diskutéieren. Dëst ikonescht Haus, dat 1929 vum Hubert Schumacher fir de Moler Joseph Kutter gebaut ginn ass, gëtt als éischt modernistescht Gebai zu Lëtzebuerg ugesinn. D'Verëffentlechung vum Buch weist d’Démarchen vun der Restauratioun, der Fuerschung, der Dokumentatioun a vum ëffentlechen Engagement vun dësem Projet.

D‘Céline Zimmer wäert fir hiren Deel „Our New Housing – An Invitation to Cooperate“ presentéieren, eng Aarbecht, déi fir hiren Impakt an hire Bäitrag zur Debatt iwwer zäitgenëssesch Wunnmodeller ausgezeechent gouf. Baséiert op hirer Doktoratsaarbecht ënnersicht Si wéi architektonesch Fuerschung aktuell gesellschaftlech Theme beliichte kann a fënnt nei Weeër hiert Wëssen duerch Ausstellunge, mat der Allgemengheet ze deelen.

Dëst Mëttes-Treffen ass eng Geleeënheet, mat deenen zwou Präisgewënnerinnen iwwert hir jeeweileg Approchen an déi verschidde Weeër ze diskutéieren, wéi Architektur erfuerscht, dokumentéiert a mam Public gedeelt ka ginn.

  • Programm
    • 12h00 : Accueil
    • 12h30 : Presentatiounen
    • 13h00 : Q&A
    • 13h15 : Mëttegiessen
  • Sprooch : Lëtzebuergesch
  • Optional e klengt Mëttegiessen fir 20€
  • Gratis, Umeldung obligatoresch

Organiséiert am Kader vum Luxembourg Architecture Award 2026.

Katalog vum LAA 2026

Präis — 30 €

Entdeckt déi ausgezeechent an nominéiert Projete vun der 9. Editioun am offizielle Katalog vum Luxembourg Architecture Award. Eng limitéiert zweesproocheg Publikatioun (op Franséisch an Englesch), déi nëmmen an 350 Exemplairen gedréckt gouf.

 

Mäin Exemplar reservéieren:
https://pci.jotform.com/form/261791474435363

D'Reservatioun gëtt nom Erhalt vun der Bezuelung bestätegt. De Katalog kann déi ganz Dauer vun der Ausstellung iwwer am LUCA ofgeholl ginn.