• Workshop
  • Visite
  • Programme pédagogique
23.09.23 14h00 — 18h00

LABO Patrimoine Mansfeld

Erliefnis Ausfluch fir Kanner tëscht 8 – 12 Joer

Gratis / mat Aschreiweung

@ luca - Luxembourg Center for Architecture an zu Clausen
Park Mansfeld © 2023 luca
Mir invitéieren zum Atelier “Clausen entdecken mit Graf Mansfeld und seinem historischen Schlosspark” wärend den “Journées européennes du Patrimoine”.

LABO Patrimoine ass e Projet, den Kanner fir den Lëtzebuerger Patrimoine sensibiliséiert. Dobäi ginn et verschidden Themenausflich mat Missiounen a Spiller. Fir den Ausfluch zu Clausen kucken mir eis un wat e Patrimoine ass an wei een al Gebaier erkennt. Mir entdecken den Park an d’ Geschicht vum “Schlass la Fontaine”.

Erkenns Du den Venusbrunnen? Virwat ass et haut nëmmen nach eng Ruin? Wat fir eng Funktioun haat d’ Schlass? Wou sinn d’ Piscinen, déi et deemools gouf? Wann dir e Schlass géing gehéieren, wat fir eng Funktioun géings Du dem ginn? Wéilts Du do wunnen?

Mat eisem “LABO Mobil” erfuerschen an analyséieren mir mat Fotoapparater, Patrimoine-Hefter, Virwëlz, Spill an Kreativitéit. Mir liesen, rätselen, bastelen – sinn dobannen an dobaussen ënnerwee.

  • Mat Aschreiweung bis den 21.09
  • Gratis
  • Auerzäit : 14h – 18h
  • Sproochen : LU + DE
  • Alter : 8 – 12 Joer
  • Kleeder dem Wieder entspriechend matbréngen
  • D’ Kand muss vun engem Erwuessenen begleet sinn

LABO Patrimoine ass am Optrag vum Ministère de la Culture vum luca an INPA (Institut national pour le Patrimoine architectural) fir Cycles 3 an 4 entwéckelt ginn. D’ Ausflich kennen vun Schoulklassen am ganzen Land gratis reservéiert ginn. Mei Infoen zum Projet op www.labopatrimoine.lu / Instagram / Facebook